Moien,
majo - majo - majo,
wei der bestemmt schon alleguer bemierkt hutt ( den alleguer soll elo wierklech net zynesch klengen, ech hun ganz einfach keng Ahnung wei vill Leit op der Lëscht ungemellt sin ;-) ) gin et emmer mei Lëtzebuerger Wikipedianer.
Ech fannen daat eng tiptop Entwëckelung, an wollt eigentlech nemmen dorobber hinweisen datt een sech lues awer secher mol misst en puer Sachen iwwerleen.
Mescht et zum Beispill Sënn fir ze probéieren alles meiglech ze reglementéieren, d.h. eng mei oder weineger fix Infrastruktur dohinnerzesetzen, fir datt een daat ganzt besser iwwerwachen kann, oder soll een éischter hingoen, an daat ganz esou laafen loosen, wei et nun emol leeft. Kuerz, soll en den Lëtzebuerger Wikipedia (elo net direkt onkontrolleiert mee dach) fräi wuesen loosen, oder awer net.
Soll een zum Beispill och mat den Welkomm-Messagen weiderfueren oder net. Verstitt mech net falsch, ech well elo net hingoen an soen datt et keen Sënn mescht esou eppes ze machen, mee ech hoffen dach emol datt den Lëtzebuerger (jo, ech schreiwen daat gären grous) Wikipedia iergentwann esou en groussen Unstuerm vun neien Benotzer kritt datt daat einfach net mei ganz praktesch as. (Ech sin nun emol Optimist, an praktesch kann en gären mat dem Synonym vun raisonable ersetzen. )
An weider mat den vlait gudden, wahrscheinlech awer éischter onrealisteschen Idien. Soll een net direkt eng Art vun Qualitéitsoffensiv wei zum Beispill um Daitschen Wiki machen. Verstitt mech och hei net falsch, ech well kengeswegs soen datt dei Arbescht dei bis elo geleescht gin as, schlecht oder *iergent en aanert péjorativt Adjektiv* as. Ech froen mech halt einfach op et mei interessant wir eng breetgefächert, awer net ganz ausféierlech Saach unzestriewen, oder éischter en Wiki mat vlait enger manner grousser Artikelzuehl, ma dach mei ausféierlechen Artikelen.
Als Ofschloss wollt ech dann nach eng en bessen mei konkret Fro formuléieren. Den 25. an 26. Januar gin dei Alljährlech LinuxDays [1] zu Lëtzebuerg ofgehaalen. Den Zesummenhang zweschen Linux an Wikipedia as vlait net direkt ersichtlech, mee schengt (zumindest mir) awer einegermoosen évident, wann een en erklärt kruut. Sou as Wikipedia jo an gewessenerweis un d'GPL gebonnen, praktesch genau esou wei den Linux Kernel daat jo och as. D.h. datt dei 2 un sech zwar grondverschidden Project'en en dach enegermoosen glaicht Ziel verfolgen. Nämlech d'Wessen frai fir all Menschen verfügbar ze machen. Op daat elo Souce-code vun den Programmer as, oder Wessen zu bestemmtenen aaneren Themen as, an mengen Aen, egal. Wann dann elo geng Interesse bestoen fir mat Zwee oder Drei, vlait och mei Mann dohinnerzegoen, fir en bessen Reklam ze machen, resp. den Leit mol iwwerhaapt ze weisen waat Wikipedia as, dann giff ech bei den Organisateueren mol nofroen, ob et meiglech as en Desch ze kreien. Ech wärt souwisou schon do eremhänken, weinst Debian [2] an Symlink [3], an vun mir aus keinten mer daat gären machen. Ma ech sin halt net an der Lag dei ganzen Zait op engem Stand ze bleiwen, well ech och op den 2 aaneren Project'en verpflicht sin ;-)
All dei Froen sin mol einfach esou an den Raum gestallt, wann ech, wei daat bei mir nun emol üblech as, mech net kloer genuch formuleiert hun, ech änferen gären op eventuell Froen zu den Froen *g*.
Ajo, är ech daat heien dann elo nach fortschecken, wollt ech awer nach bemierken ween ech sin ;-) Um Wikipedia kennt der mech all als maradong ;-)
[1] http://www.linuxdays.lu/ [2] http://www.debian.org/ [3] http://www.symlink.lu/
Frëndlech, Bob Hentges